Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Praktesch Informatiounen

Datum

Op Ufro

Plaz

1, Frummeschgaass, L-9766 Munshausen

Fir wien

12 – 25 Joer

Auerzäit

10:00 - 16:30

Präis

16 € oder 20 €

Sproochen

LU, FR, DE

Beschreiwung (LU/DE)

D’Robbescheier organiséiert flott sportlech Outdooraktivitéitsdeeg fir Gruppe vu Jonker.

E Maximum vun deenen heiten Aktivitéite ginn organiséiert: De Bamstamm (Zesummenaarbecht) / Gladiatorekampf (Gläichgewiicht) / Hindernisparcours / den Nol aschloen (Staffellaf) / de Kran (Zesummenaarbecht a Beweeglechkeet) / Seel zéien (Teamgeescht a Kraaft) / de mënschegedriwwene Bagger (Liblingsspill an eenzegaarteg Erfindung) / Biathlon (Prezisioun a Lafen) / Teppech fléien an Aarbechtspäerd (d’Aarbechtspäerd meeschteren)

D’Schmidde, d’Keramik an de Geschmaachs- a Gerochsatelier ginn och ënner Form vu Spiller ugebueden.

Eis Aktivitéite si participativ, dat heescht datt all Member vum Grupp am Dag aktiv ass.