Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Entdeck weider interessant Websäiten

Och aner Plattforme bidden Informatiounen a Méiglechkeeten, fir an d'Ausland ze goen, un internationalen Austauschprogrammer deelzehuelen oder Erfarungen ausserhalb vu Lëtzebuerg ze sammelen. Dës Informatiounen ergänzen d'Méiglechkeeten, déi op „Ech wëll, ech kann“ virgestallt ginn.

Volontaires.lu

Plattform fir de Volontariat, mat Informatiounen an Offeren, fir sech zu Lëtzebuerg, an Europa oder international z’engagéieren.

Eurodesk

Europäescht Reseau fir Méiglechkeeten an Erfarungen am Ausland ze promovéieren.

Youthportal

Offiziellt Portal vun der Europäescher Unioun, dat all Informatiounen iwwer Programmer, Projeten an Initiativen op europäeschem Niveau zesummebréngt.

Work & Travel

Programm, deen et erméiglecht, am Ausland ze schaffen während engem touristeschen Openthalt, fir d’Rees ze finanzéieren an eng aner Kultur kennen ze léieren.