Online Sprochenaustauch als Bénévole
-
Datum
op Demande -
Plaz
10-12 rue Aguste Laval, L-1922 Luxembourg -
Präis
Gratis -
Fir ween?
ab 18 Joer -
Sproochen
LU, FR, DE, EN, -
Link
Beschreiwung
Sproochepraxis Online! vun doheem aus eng Sprooch mat engem Bénévole trainéieren.
De Sproochenaustausch riicht sech un all Persoun, déi sech fräiwëlleg engagéiere wëll, mat enger Persoun oder méi Leit sech an hirer Sproch auszetauschen an der si gutt sinn. Dobäi geet et net em Sproch-Coursen, mee einfach dorëms eng einfach Diskussioun iwwert alldeeglech Themen féieren ze kënnen.
All des Aktivitéiten kënnen ouni Problem online, per Computer oder Telefon duerchgefouert ginn a sinn e wichtege Faktor fir d’Stäerkung vum lokalen Zesummenhalt (coaching ënner Noperen, intergenerationellen Austausch, …). Dat Virtuellt huet de Virdeel, dass e flexibel ass (et muss e net vun A op B fueren) an eng gewësse Sécherheet huet (keng Coronamesuren, op déi een oppassen muss).
Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen
Gutt Kenntnisser an der Sprooch hunn, an déier e schwätze wëll.
Konditiounen: Mindestens 1x an der Woch 1 Stonn, oder 2x an der Woch 30 Minuten