Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

KJT – Chatberodung

  • Datum
    15.06.2022
  • Plaz
    B.P. 35 L-5801 Hesperange
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    18 - 25 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE
  • Link

Beschreiwung

KJT ass e Berodungsdéngscht fir Kanner, Jugendlecher an och fir Elteren. D’Berodung ass anonym a vertraulech a gëtt an den üblechen Landessproochen ugebueden. Vereenzelt Servicer lafen zousätzlech op Englesch. Bei KJT, kënnen sech Kanner a Jugendlecher iwwert den 1 1 6 1 1 1 Kanner- a Jugendtelefon un eis wenden, iwwert Online Help schreiwen oder eis Chatberodung, www.kjt.lu kontaktéieren. Mir sinn do, stäerken an ënnerstëtzen.

Fir eis Peer-to-Peer Chatberodung siche mir ëmmer nees Jonker, tëscht 18 an 25 Joer, déi Loscht hunn sech als Jugendberoder ze engagéieren.

Fir eng éierenamtlech Mataarbecht beim KJT gëss du op engem Aféierungsweekend virbereet.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Du wëlls dech engagéieren, bass zouverlässeg, Vertraulechkeet ass dir wichteg, Wonsch fir Jonker a schwieregen Momenter ze ënnerstëtzen.

Méi Informatiounen fënns du op: https://www.kjt.lu/de/ehrenamtliche-mitarbeit-am-kjt/

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren