Stages de découverte
Praktesch Informatiounen
Datum
Op Ufro
Plaz
An den lokalen Antennen vum SNJ uechter d'Land
Fir wien
16-30 Joer
Präis
Gratis
Sproochen
LU, FR, DE
Beschreiwung (LU/DE)
Du kanns dech net richteg entscheeden a wéi engem Beräich dass du spéider wëlls schaffen oder du brauchs einfach méi Informatiounen zu engem bestëmmte Beruff a bass interesséiert fir kuerz Zäit an eng Firma oder Organisatioun eran ze schnupperen?
Da sinn eis Stages de découverte genee dat richtegt fir dech. Mat Hëllef vun eisen Agenten kanns du ganz geziilt wärend bis zu véier Wochen an déi verschiddenst Beruffssparten eraluussen an dir esou ee Bild vun der Realitéit vum Job maachen.
Dëst hëlleft dir bei dengen Entscheedungen an du kanns dech besser op deng Zukunft virbereeden. Intresséiert ? Huel dir e Rendez-vous an engen vun eisen Antennen a looss dech beroden.
Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen
Fir an deenen verschiddene Beräicher schnupperen ze goen, muss du näischt besonnesches kënnen.