Animateur-Formatiounen vum SNJ

  • Datum
    op Demande
  • Plaz
    1, rue de Keispelt L-7411 Marienthal
  • Präis
    10-160€
  • Fir ween?
    ab 15 Joer
  • Sproochen
    LU
  • Link

Beschreiwung

Du schaffs gäre mat Kanner a Jugendlecher? Du sichs no engem Niewenjob, deen dech awer och weiderbilt an dech weiderbréngt? Dann ass en Job als Animateur/Animatrice genau richteg fir dech!

Nieft de Basisformatiounen hues Du eng grouss Auswahl un Spezialisatiounsformatiounen zu Theme wéi Kachen, Kreativitéit, Spill Entwécklung oder Beweegung!

Mat de verschiddenen Animateur Breveten hues du d’Méiglechkeet op nationalen, wéi och internationale Kolonien a Camps als Animateur/Animatrice ze schaffen an do duerch däin Horizont ze erweideren.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

– Mindestens 15 Joer hunn
– Motivatioun a gutt Laun

Organisateur

Service National de la Jeunesse
Sarah Melmer
1, rue de Keispelt L-7411 Marienthal

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren