Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Bénévole bei Fräizäitaktivitéite fir Mënsche mat Trisomie 21

  • Datum
    op Demande
  • Plaz
    2b, rue d'Olingen L- 6832 Betzdorf
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    Jiddereen ab 16 Joer
  • Sproochen
    LU, DE,
  • Link

Beschreiwung

Mir sinn ëmmer op der Sich no Benevolen (m/w), déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Sief et bei eisen Kachaktivitéiten (Stuff 21), Vakanzenaktivitéiten oder Sortien:

  • Dënschdes owes: Danzcours zu Luerentzweiler ;
  • Mëttwochs owes: Zumba zu Betzder ;
  • Donneschdes owes: Danzcours zu Esch/Uelzecht ;
  • Freides owes: Kachcours zu Dikrech oder Betzder ;
  • Samschdes: verschidde Sortien (z.B. Kino, Restaurant, Keele spillen, …) ;
  • Schoulvakanzen: Vakanzenaktivitéiten (z.B. Fuesent, Ouschteren, Summer, …)

Du bass min. 16 Joer, kanns eng Hand mat upaken an wëlls nei Erfarungen mat Mënschen mat enger Beanträchtegung sammelen?
Dann mëll dech! Mir freeën eis iwwert jiddereen den motivéiert ass eis bei eisen Aktivitéiten ze ënnerstëtzen!

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

– min. 16 Joër aal sinn
– Oppen sinn
– Zouverlässeg sinn
– keng spezifesch Virkenntnisser ginn gebraucht

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren