Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Begleeder bei Vakanzenaktivitéiten – Fondation Autisme Luxembourg

  • Datum
    op Demande
  • Plaz
    68, route d'Arlon, L-8310 Capellen
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    18-79 ans
  • Sproochen
    LU, FR, DE,
  • Link

Beschreiwung

Mir siche 50 Begleetpersoune fir Vakanzenaktivitéiten. Spass, gutt Laun, Entspanung a Wuelbefanne sinn d’Schlësselwierder. Äert Zil: Frënn/Kolleeg/Referenzpersoun ze sinn fir e Kand, Jonken oder Erwuessenen mat Autismus op engem Camp wärend senger Vakanz.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Virerfarung gëtt keng gebraucht. Empathie a Respekt fir Leit mat spezifesche Besoinen sinn Är gréisste Stäerkten. Als Begleetpersoun gitt dir gudd encadréiert a kritt op enger Informatiounsversammlung, kuerz virun der Vakanz, d’Charakteristike vum Autismus erklärt a léiert Persoun, ëm déi Dir Iech këmmert kennen esou wéi d’Equipe an déi aner Begleeder .

Vakanzendestinatioune sinn d’Mier oder d’Bierger. Spaass ass garantéiert.

An de Vakanzenwochen sinn normalerweis 6 bis 7 Leit mat engem Autismus Spektrum Stéierungen, 6 bis 7 Begleeder wéi Dir an 2 Educateuren aus der FAL. De Betreiungsschlëssel ass 1:1, e Begleeder këmmert sech ëm eng Persoun mat Autismus vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang.

D’Zil ass et, fir Leit mat Autismus eng flott Vakanz ze garantéieren, hiren Tempo, Interessen a Wënsch ze respektéieren, se ze encouragéieren fir onofhängeg ze sinn, hiert Wuelbefannen ze garantéieren an eng qualitativ Betreiung wärend dem Iessen, gratis Aktivitéiten oder strukturéiert Aktivitéiten ze bidden an Hëllef bei Hausaktivitéiten, etc.

Verschidde Persoune mat Autimus réagéiere méi emotional wéi anerer an et et fällt hinne méi schwéier fannen hir Emotiounen ze kontrolléieren. Fir anerer kënnen Ännerungen an onerwaart Eventer eng Quell vu Besuergnëss a Stress sinn, déi zu Verhalensproblemer féieren. Eist pädagogescht Personal weess wéi een dës delikat Situatiounen verwalten an huet d’Techniken a Methoden fir d’Situatioun ze mëllen.

Dëst ass eng eemoleg Geleeënheet fir Iech déi aussergewéinlech Welt vum Autismus kennen ze léieren, nei Kontakter ze zéien, ouni ze vergiessen datt Spaass, Humor an Entspanung och dozou gehéieren! D’Aarbecht vun enger Begleeder soll net als Studentejob ugesi ginn, mä Dir sidd do als fräiwëlleger Participant/Begleetpersoun op engem Vakanzenopenthalt, fir enger Persoun mat Autismus e flotte Moment ze bidden an hinnen an hirer Autonomie ze hëllefen.

All Käschten, dorënner Transport, Ënnerkonft, Iessen, Aktivitéiten, Entréesticketen gi vun der FAL gedeckt. Dir kritt zousätzlech eng Allocation vun 25 € pro Dag. Wann Dir un der Basisausbildung iwwer Autismus deelgeholl hutt, klëmmt d’Allocation op 35 € pro Dag. Dir musst just e bëssen Täschegeld fir Är perséinlech Ausgaben, zB Souveniren aplangen.

Organisateur

Fondation Autisme Luxembourg
Wantz/Fouss Christophe/Catherine

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren