Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

a place for tolerance

Beschreiwung

youngcaritas Lëtzebuerg wëll Brécken tëscht de Mënsche schafen!

“#platzfürtoleranz ist ein interaktives Projekt, an dem jeder teilnehmen kann. Die Idee ist es, Aufmerksamkeit (…) zu erzeugen. Diese stehen an öffentlichen Orten, laden zum gemeinsamen Gespräch auf der Bank ein und fördern so aktiv das Zusammenleben. Die Bänke haben Symbolcharakter und stehen für Toleranz, Gemeinschaft und Vielfalt.” – youngcaritas Deutschland (https://www.youngcaritas.de/platzfürtoleranz)

“a place for tolerance” oder “ein Platz für Toleranz” ass een vun youngcaritas Oberberg (D) (https://youngcaritas.eu/3544/) ugestousse Projet, de mir op Initiativ vun enger deemoleger Volontaire ab dem 15. November 2021, dem Dag vun der Toleranz, wollte fir ee Joer hei zu Lëtzebuerg duerchféieren. Anescht ewéi an Däitschland hu mir bestoend Bänke gesicht fir se mat Graffiti zu Themen, ewéi Rassismus, LGBTQIA+ a villem méi, ze dekoréieren an esou Plaze fir Toleranz ze schafen: z.B. bei Gemengen, Jugendhaiser oder Schoulen a Lycéeën.

No engem Joer, ass eis dat net duer gaangen, och well d’Wichtegkeet vum Projet nach ëmmer immens present ass. Mir hu weider Bänke gesicht a méi Theme behandelt fir ee Statement fir Solidaritéit an Diversitéit ze setzen. Ab 2023 wëlle mir nach méi nohalteg ginn a méi Workshops ubidden ewéi just eemol sprayen ze kommen: zesumme mat de Kanner a Jonke méi déif brainstormen, hinne méi Graffiti-Skills weisen, d’Bänken eventuell selwer bauen an idealerweis mat enger offizieller Aweiung vun der Plaz fir méi Wäertschätzung fir d’Kreateuren an dem ganze Projet suergen.

Net géint Gewalt, mee fir ee grondleeënd Verständnis fir Toleranz an ee gewaltfräie Mindset.

Ces projets pourraient vous intéresser