Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zesummen géint Mobbing a fir méi Respekt ënnerteneen!

Contact pour le projet

RespectEachOther
Vanessa Tani
31, rue de l'électricité L-4444

Beschreiwung

RespectEachOther gouf den Mäerz 2020 gegrënnt. Fir éischt waren mir ee klengen Grupp vun betraffenen, schockéierten Leit. Mer waren eis schnell eens dass een eppes maachen misst, dass sou Mëssstänn an Zukunft net méi opkommen dierften an sou sinn mer motivéiert un dësen Projet erugaangen.  Mëttlerweil sinn mir eng aktiv, organiséiert a strukturéiert Asbl. Säit Januar 2021 sinn 17 Persounen an dësem Gremium.

Kloer goufen konkret Ziler erreescht, d’Zil vun der Asbl war et mat Mobbing Infostänn op eis opmierksam ze maachen an den Sujet ze sensibiliséieren an virun allem d’Schoulen besichen ze goen an iwwert dat Thema opzeklären unhand vun Workshops. Et ass eis drëms gaangen dësen delikaten a belaaschtbaren Sujet aus dem däischteren Keller un d ’Liicht ze bréngen an ze enttabuiséieren.

Mir waren 2020 ee klengen Grupp nach am Ufank vun engem Projet deen lo nach  amgaang ass weider ze wuessen, an deenen 2 Joer Veräinsliewen hunn mir eis wierklech zum positiven entwéckelt , an ganz kloer sinn do Ënnerscheeder festzestellen. D’Leit fänken un eis um Radar ze hunn a wann se betraff sinn fannen se de Wee zu eis méi einfach. Mir schaffen reegelméisseg un Fäll an leider sinn et ëmmer erëm Leit wou sech mellen , wou no Hëllef sichen  a wou ee ganz kloer feststellen kann dass Mobbing keng Grenzen kennt.

Meeschtens ginn mir per Telefon kontaktéiert oder iwwert eisen Grupp. Mir hëllefen concernéiten Leit déi vun Mobbing betraff sinn. Mir analyséieren an traitéieren den Fall an dann leeden mir deen weider un déi kompetent Hëllefsstellung, dass an deem Fall déi betraffen Persoun déi Hëllef kritt wou se brauch. Des Résausaarbecht ass extrem wichteg, well mer als ASBL eis eisen Limitten bewosst sinn an dofir sinn mer frou dat aner kompetent Servicer sou flott mat eis zesummeschaffen. Mir hunn ëmmer een oppent Ouer a bauen een Vertrauensverhältnes op an wann een eng Informatioun wëll wëssen oder brauch zum Thema Mobbing dann hëllefen mir gären. Dat brauch och ëmmer nees eng gewëssen Zäit. Dat muss roueg an uerdentlech oflafen an do geet 1 Gespréich net duer. Mer sinn eis dem bewosst an huelen eis all Kéiers déi néideg Zäit, dass déi Persoun sech opmécht an dat géigesäitegt Vertrauen eis erlaabt de Fall zesummen unzegoen. Heibäi probéieren mer e Maximum un Informatiounen ze sammelen an dass d ’Situatioun transparent duerchliicht gëtt dass mer eis en Gesamtbild vun der Situatioun maachen kënnen an deementspriechend adequat handelen an virun allem hëllefen kënnen.

Zesummen géint Mobbing a fir méi Respekt ënnerteneen!

Ces projets pourraient vous intéresser