Bibliothéiksrallye „Zesummenhäng vun dëser Welt“
Praktesch Informatiounen
Datum
Op Ufro
Plaz
136-138 rue Adolphe Fischer, L-1521 Luxembourg
Fir wien
Ab 13 Joer
Präis
Gratis
Sproochen
LU, DE
Beschreiwung (LU/DE)
Fir déi global Zesummenhäng vun eiser Welt ze verstoen benotz du däin Handy an den Internetsite “a-z.lu” fir Äntwerten ze fannen op Froe wéi z.B. wat sinn d’BRIC-Staaten, wat ass Kolonialismus, wat ass ee multinationale Konzern, wat ass fairen Handel, asw.
An denger Recherche hëllefen dir d’Bicher an Dokumentatiounen aus eiser Bibliothéik fir Äntwerten op deng Froen ze fannen. Sou setz du dech mat de verschiddenen Theme vun eiser globaler vernetzter Welt auserneen. Duerno ginn d’Zesummenhäng erstallt an diskutéiert.