Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

BASE1 Makerspace: Walk-in

  • Datum

    Vu Méindes bis Freides

    12:30 - 18:30
  • Plaz
    Forum Geesseknäppchen, 40 boulevard Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?

    8-30 Joer

  • Link

Beschreiwung

De Base1 Makerspace ass ee kreative Raum an Treffpunkt fir jonk Kreateuren, déi Loscht hunn an hirer Fräizäit nei Iddien ze sammelen, sech inspiréieren ze loossen an hir eege Projeten ze realiséieren.

Pabeier, Holz, Computeren, Bitzmaschinne awer och 3D-Drucker, ee Lasercutter an Mikrocontroller stinn dir hei zur Verfügung.  Du kanns hei villes gratis ausprobéieren a léieren mat deene Medien a Geräter ze schaffen.Dobäi gëss du vun Coachen aus de Beräicher Textil, Logodesign, Produktentwécklung, Programméieren a Musekproduktioun ënnerstëtzt. Sie weisen dir, wéi een d’Material sécher benotzt.

An der Schoulvakanz ass den Makerspace net all Dag op: Op eiser Websäit Base1.lu fënns du ëmmer  déi aktuell  Ëffnungszäiten! Du brauchs dech net am Viraus unzemellen.

Kontakt Organisateur

Base1
Samir El Ouardi
Forum Geesseknäppchen - 40 boulevard Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg

Dës Aktivitéite kéinten dech och interesséieren