Vu Méindes bis Freides
12:30 - 18:308-30 Joer
De Base1 Makerspace ass ee kreative Raum an Treffpunkt fir jonk Kreateuren, déi Loscht hunn an hirer Fräizäit nei Iddien ze sammelen, sech inspiréieren ze loossen an hir eege Projeten ze realiséieren.
Pabeier, Holz, Computeren, Bitzmaschinne awer och 3D-Drucker, ee Lasercutter an Mikrocontroller stinn dir hei zur Verfügung. Du kanns hei villes gratis ausprobéieren a léieren mat deene Medien a Geräter ze schaffen.Dobäi gëss du vun Coachen aus de Beräicher Textil, Logodesign, Produktentwécklung, Programméieren a Musekproduktioun ënnerstëtzt. Sie weisen dir, wéi een d’Material sécher benotzt.
An der Schoulvakanz ass den Makerspace net all Dag op: Op eiser Websäit Base1.lu fënns du ëmmer déi aktuell Ëffnungszäiten! Du brauchs dech net am Viraus unzemellen.