Den Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) ass eng op problematescht a net-stoffgebonnenent Notzerverhale spezialiséiert Berodungsstruktur fir Kanner, Jonker an Erwuesserer. D’Offer ëmfaasst d’Opklärung an d’Informatioun bei allgemengen an individuelle Froen, Berodungsgespréicher fir Betraffener an hiert soziaalt Ëmfeld (Elteren/Familljen, Frënn, Erzéier, Enseignanten, etc.), eng diagnostesch Aschätzung vun Notzerverhalen, esou wéi op Wonsch therapeutesch Begleedung bei follgenden Theemen: Sex, Pornokonsum, Glécksspill, Akafen, Sport/Fitness, Aarbecht. Dës Offer gëtt nach duerch Preventiounsworkshops a Weiderbildunge fir Ariichtungen aus dem schouleschen an dem Jugendberäich ergänzt, déi sur Demande ugebuede ginn.