D’Veranstaltungsangebot vum TRIFOLION ëmfaasst Eegen- a Friemveranstaltungen mat national souwéi international bekannte Kënschtler a Kënschtlerinnen aus alle kulturelle Genren. D’Offer geet vu Concerten an Entertainment iwwert Kanner-Events, Theater an Danz, Ausstellungen, bis hin zu Liesungen a Virträg. Den TRIFOLION ass ausserdem Organisateur vu sëllegen in- an outdoor Festivals, wéi d’Echter’Classic, Echter’Jazz oder Echterlive Festival.