Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Sekretariat

info@specialolympics.lu

+352 40 77 22

Adress

3, route d'Arlon, L-8009 Strassen

Special Olympics Luxembourg

Soziaalt Engagement
Politik · Rechter · Egalitéit
Gesondheet

Aner Servicer an Organisatiounen

Sech duerch de Sport entfalen

D’Ambitioun vu Special Olympics Letzebuerg ass et, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat enger intellektueller Behënnerung d’Freed vum Sport z’erméiglechen. Special Olympics offréiert Traininger a Competitioune fir all, ouni Leeschtungsdrock. Jiddereen huet, no sengem Wonsch a senge Fäegkeeten, d’Méiglechkeet u sëllegen Traininger deelzehuelen, sou wéi och bei Competitioune matzemaachen.
Wëllt Dir mat eis zesumme schaffen? Är Zäit, är Energie an äert Talent asetzen, fir Leit mat enger mentaler Behënnerung d’Méiglechkeet ze bidden, d’Freed vum Sport ze erliewen? Entdeckt d’Missiounen, déi mir ubidden, a maacht mat als Bénévole! Et fillt e sech nëtzlech, et versteet een d’Realitéit vum mentalen Handicap besser a et fillt e sech verännert duerch d’Generositéit vun den Athleten.

All vereent mat ‘Unified Sports’ !

Mat ‘Unified Sports’ huet Special Olympics eng flott Méiglechkeet fir sozial Inclusioun z’entwéckelen. ‘Unified Sports’ bréngt Athlete mat an ouni intellektuell Behënnerung an der selwëchter Ekipp zesummen a befollegt en einfachen an eenzegaartege Prinzip:

Zesummen trainéieren an zesumme spille mécht de Wee fräi fir Frëndschaft a Verständnis.