De Rocklab befënnt sech um drëtte Stack vun der Rockhal an ass e Raum, dee ganz am Déngscht vun den aktuellen Museken (Pop, Rock, Metal, Jazz, Elektro, Hip-Hop…) steet. Seng Haaptaufgab besteet doranner, Amateur- a Beruffsmuseker esou wéi Acteure vun der aktueller Musek zu Lëtzebuerg z’ orientéieren, z’ informéieren an ze begleeden, andeems en hinnen eng Rei vu Ressourcen zur Verfügung stellt (Infrastrukturen – Proufsäll, Rockhalstudio, Mediathéik – , Formatiounen, Projetsbetreiung asw.). Dobäi komme kulturell Aktivitéiten, déi op d’ Verbreedung, der Entwécklung an der Praxis vun der aktueller Musek am Allgemengen ofzilen.