Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Quai 57

quai57@arcus.lu

+352 26 48 04 90

Adress

55, avenue de la Gare, L-1611 Luxembourg

Affiliatioun

arcus asbl

Quai 57

Informatioun · (Weider-)Bildung

Aner Servicer an Organisatiounen

De “Quai 57” ass eng Berodungsstell fir Drogenofhängeger – oppe fir Mënschen allen Alters. Den Dingscht riicht sech virun allem un erwuessen Drogenofhängeg an hir Famill, un Drogenofhängeger am Prisong, wéi och fir Experten an Expertinnen.

De Service vum “Quai 57” ëmfaasst d’Vermëttlung vu Plazen a spezialiséierten Ariichtungen zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an der Belsch an Italie fir Persounen, déi gären eng Entzuchstherapie maache géinge.

De “Quai 57” bitt den Betraffenen eng Begleedung wärend der Therapie un, sou wéi och eng Agglidderung an den Alldag, d’Beruffsliewen an d’Gesellschaft. Doriwwer hinaus ginn och eng therapeutesch Behandlung vu psycheschen a psychosomateschen Stéierungen a Berodunge fir Familljenmemberen an aner Bezuchspersounen ugebueden.

Zousätzlech ass et e wichtege Volet vun eiser Aarbecht Informatioun an Opklärung an der Ëffentlechkeet.