De Projet Liewenshaff
- ass ee Centre propédeutique professionel
- bitt eng theoretesch a praktesch Formatioun en vue vun enger Integratioun an d’Aarbechtswelt/d’Erwuessenewelt un
- ass fir Schüler mat Verhalensschwieregkeeten ab dem Alter vun 16 bis 19 Joer,
- ass fir Schoulofbriecher a Jugendlecher mat schouleschen, berufflechen a sozialen Intergratiounschwieregkeeten
- ass en fräiwëllegen an individuell ugepasste Projet vu bis zu 4 Joer
Jongen a Meedercher mat sozial-emotionale Schwieregkeeten ab 16 bis 19 Joer kennen een individuelle fräiwëllege Projet (1-4 Joer) um Liewenshaff maachen. Mir bidden Hëllefsstellung, Ënnerstëtzung, theoretesch a praktesch Formatioun esou wei och eng psychosozial Begleedung un. Et kann een zu all Moment am Laf vun engem Schouljoer ufänken, Ausbildungszäite si vun 09:00-17:15.