Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Katja Maraite

katja@nordstadjugend.lu

+352 80 91 65 20 / 691 809 170

Adress

7, Avenue de la Gare, L-9233 Diekirch

Regionale Jugendservice (NOJU)

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Natur · Ëmwelt · Déieren
Politik · Rechter · Egalitéit
Gesondheet
Aner

Jugendhaus

Scho säit 30 Joer gëtt an de Gemengen Dikrich an Ettelbréck Jugendaarbecht geleescht, aus där ufanks dann och eis 2 Jugendhaiser an deene Gemengen entstane sinn. Zanterhier gouf et net nëmmen ee Wuesstem wat d’Membersgemengen ugeet (mëttlerweil leescht d‘Nordstadjugend a 15 Gemengen Jugendaarbecht), mee och wat d’Aufgabeberäicher an d’Offere betrëfft.

D’Haaptzil vun der NOJU ass et, déi Jonk ze mobiliséieren an ze aktivéieren andeems mir si motivéieren, méi eraus an d’Natur ze goen an och rëm Freed un der Beweegung ze fannen, wéi zum Beispill duerch Deelhuelen un Aktivitéiten.

D’Zil vum „Regionale Jugendservice“ ass et déi Jonk am Alter vun 11 bis 26 Joer ze erreechen andeems hinnen en oppent Ouer gebueden oder/an hinne bei alldeegleche Problematike gehollef an zur Säit gestaane gëtt.  Dëst geschitt duerch ganz verschidde kleng a grouss  Aktivitéiten a Projeten um lokalen, regionale hin zum nationalen an europäeschen Niveau.