Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Tanja Duprez

move@oeko.lu

+352 439030 1

Adress

6, rue Vauban L-2663 Luxembourg

Affiliatioun

Mouvement Ecologique

move.


mech engagéieren
An enger Jugendorganisatioun

Du wëlls eppes beweegen? Klimawandel, Globaliséierung, Naturschutz oder grenzelose Konsum sinn alles Themen, déi eis am Alldag beschäftegen. Natierlech kënne mer drop waarden, datt anerer sech drëm këmmeren. Mir kennen awer och selwer aktiv ginn, eis zesummendoen an ufänken, eppes ze veränneren.
move. ënnerstëtzt jonk Leit, déi sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft wëllen engagéieren. Zil ass et Jonken, déi sech fir en nohaltege Liewensstil wëllen asetzen, eng Stëmm ze gin.
move. schafft op Themeberäicher déi enk mam Ëmweltschutz verbonne sinn. Nieft engem eegestännege Jugendgrupp wäerte Projeten, Aktivitéiten an Ëmweltbildung zu Themen ewéi Klima, Konsum, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Ernärung, Demokratie a Matbestëmmung, oder Ëmweltbildung ugebuede ginn.