Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Jil Baustert

info@merite.lu

+352 621 629 264

Adress

20, rue de Contern, L-5955 Itzig

Affiliatioun

The Duke of Edinburgh's International Award

Mérite Jeunesse

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Gesondheet

Jugendservice

De Mérite Jeunesse Luxembourg gehéiert zur weltwäit féierender Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award, déi an iwwer 130 Länner aktiv ass.

De Mérite Jeunesse ass oppe fir all Jonken am Alter vun 14-24 Joer, egal wéi säi Geschlecht, kulturellen Hannergrond, reliéis oder politesch Iwwerzeegung oder physesch Viraussetzung ass. Et ass ee flexibelen an ofwiesslungsräiche Programm, bei deem ee sech perséinlech Ziler setzt an déi ouni Zäitlimitt erreeche kann.

Fir matzemaache muss du a 4 verschiddene Beräicher aktiv ginn: ee Benevolat maachen, ee Sport ausüben, een Talent léieren an eng Expeditioun maachen. Du sichs dir deng Aktivitéite selwer eraus a stells dir esou ee Programm zesummen, deen ausgeglach ass an deen dir Spaass mécht.

Et muss een net alles zur gläicher Zäit maachen. De Programm soll et dir erméigleche méi Selbstvertrauen ze kréien, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, Neies ze entdecken an un deng Fäegkeeten an Talenter ze gleewen.