Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Paulo Aguiar

jugendsuessem@saba.lu

+352 26 59 34 07

Adress

75, rue de Belvaux, L-4418 Soleuvre // 39, rue de Niederkorn, L-4990 Sanem

Affiliatioun

Jugendtreff Saba asbl

Jugendtreff Saba Soleuvre

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Aner

Jugendhaus

Et ass méi wei nëmmen en Haus, méi wéi nëmmen en Jugendhaus. Wanns du tëschen 12 a 26 Joer al bass, da bass du hei genee richteg!
Me wat bidd der lo sou ee Jugendhaus? Et si méi wéi 4 Maueren mat engem Daach, wou ënner anerem e Kicker, e Billardësch, en Pingpongdësch, eng playstation 4, … etc. steet.
Hues du bei eis eng Memberskoart, da kanns du vun all dëse Saache profitéieren, a nach vill méi. Hei fënns du Leit aus dengem Alter mat deenens du schwätze kanns an eng gutt Zäit verbrénge kanns. Natierlech kriss du bei den Erzéier all Informatiounen déis du brauchs, sierf et z.B. iweer d‘Aarbescht, d‘Weiderbildung, d‘Drogen- an Alkoholpräventioun oder einfach nëmmen iwwer déi neiste Videospiller.

Dat bescht sinn awer déi Tonnen Aktivitéite déi mer am Joer man, wéi verreesen, Sport man, Iessen organiséieren an nach villes méi. Also, wanns du lo Loscht hues fir laanscht kucken ze kommen, da maach dat roueg, mär géingen eis freeën.

Eis Ëffnungszäiten:
– Méindes: zou
– Dënschtes bis Donneschtes: 14:00 bis 19:00
– Freides: 14:00 bis 21:00
– Samschdes:   14:00 bis 19:00

Eise Jugendtreff befënnt sech zu Zolwer, mee mir hunn och eng Annexe zu Suessem:
39, rue de Niederkorn,
L-4990 Sanem