Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Bill Skamarakas

jugendkaerjeng@saba.lu

+352 50 29 20

Adress

3, rue de la Poste, L-4939 Bascharage

Affiliatioun

Jugendtreff Saba asbl

Jugendtreff Saba Käerjeng

Informatioun · (Weider-)Bildung
Gesondheet
Konscht · Kultur · Patrimoine
Aner

Jugendhaus

Moie jonk Leit!

Sidd Dir tëscht 12 a 26 Joer? Also zéckt net fir eis ze besiche fir all d’Aktivitéiten ze entdecken, déi d’Jugendhaus Iech bitt. De Jugendtreff Käerjeng ass vill méi wéi just en Haus oder en einfacht Jugendhaus, et ass de Jugendhaus, Äert Haus! D’Haus wou Dir Iech wuel fillt a wou Dir ëmmer wëllkomm sidd.

Am Jugendtreff kënnt Dir entweder relaxen oder vill Ausrüstung benotzen, déi Iech zur Verfügung stinn, fir datt Dir Spaass hutt! Um Rez-de-Chaussée ass eng equipéiert Kichen, déi Iech invitéiert fir Iessen ze preparéieren. Um éischte Stack fannt Dir e Pooldësch, e Kicker, en Dartboard (Darts), en Dëschtennisdësch, eng PlayStation, eng Erfrëschungsbar a vill méi. Eng aner ganz flott Säit sinn all Aktivitéiten, Ausflich an Openthalt, déi regelméisseg a Gruppen organiséiert ginn. Dir gidd encadréiert vu qualifizéiertem Personal, deen Iech vill Informatioune liwwert an Iech eng Hand gëtt fir Iech op vill Servicer ze leeden. Preventioun a Sensibiliséierung ronderëm verschidden Themen gehéieren och zur Aufgab vun den Educateuren.

Wann Dir Iech wëllt mat eis ënnerhalen oder einfach eng gutt Zäit mat eis oder mat anere jonke Leit hunn, zéckt net fir laangschzekommen. D’Struktur ass 6 Deeg an der Woch op, och an der Mëttesstonn an dat vu Méindes bis Samstes vu 14:00 bis 20:00.

De Jugendtreff KÄERJENG waart op Iech!

Dylan & Bill