Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Mara Lisarelli

jugendhaus@dudelange.lu

+352 51 61 21 6616

Adress

2, rue du Parc, L-3542 Dudelange

Affiliatioun

Ville de Dudelange

Jugendhaus / Outreach Diddeleng

Informatioun · (Weider-)Bildung
Gesondheet
Konscht · Kultur · Patrimoine
Aner

Jugendhaus

D’Jugendhaus Diddeleng ass een Treffpunkt fir Jugendlecher am Alter vun 12 bis 29 Joer, déi ënnerschiddlech Interessien hunn. Et bitt deene Jonken eng sécher Plaz, wou si d’Méiglechkeet hunn Erfarungen ze sammelen an un Aktivitéiten deelzehuelen. Si kënnen awer och nei Relatiounen zu Gläichalteregen opzebauen an hiert soziaalt Ëmfeld stäerken. Dat alles geschitt op fräiwëlleger Basis an ass net op Kompetenze bezunn.

D’Jugendhaus läit zentral an Diddeleng an huet doduerch déi optimal Lag fir einfach a séier erreechbar ze sinn.

Op deenen dréi Stäck ginn et ënnerschiddlech Raimlechkeeten, déi deene Jonken eng ganz Rei Beschäftegungsméiglechkeete bidden. Sou z. B. ee Billardsdësch, Gesellschaftsspiller, ee Kicker, Spillkonsolen mat Videospiller esou wéi och eng Abberzuel u Sëtzgeleeënheeten an eng Kichen, déi vu jidderengem ka genotzt ginn. Am Gebai gëtt et och eng Garage, déi vun deene Jonke ka genotzt ginn.

Ausserdeem huet Jugendhaus een “Infolabel”. Et handelt sech ëm een Informatiounsraum an dem sech déi Jonk zu ënnerschiddlechen Themae kënnen informéieren, ewéi zum Beispill iwwert den Drogekonsum, Sucht, Gewalt an den Aarbechtsmarché. D’Mataarbechter vum Jugendhaus hunn eng spezifesch Formatioun an dem Beräich gemaach a stinn deene Jonken bei Froen zur Verfügung.

Um drëtte Stack vum Jugendhaus sinn d’Büroe vun den Educateuren ënnerbruecht, esou wéi och ee Studio, an dem déi Jonk hir eege Musek a Lidder kënnen ophuelen.

Eise Service Outreach ass en Treffpunkt fir Jugendlecher. Nom Prinzip vun enger opsichender Jugendaarbecht, organiséiere mir spilleresch, sportlech oder kënschtlerech Aktivitéiten fir mat de Jonken a Kontakt ze trieden, déi sech op ëffentleche Plaze befannen.