D’Jugendhaus Briddel empfänkt jonk Leit am Alter vun 12 bis 26 Joer an engem sécheren an oppene Kader, deen déi perséinlech Entwécklung an den Austausch ënnertenee fërdert. Eis Missioun ass et non-formell Bildung unzebidden, déi sech duerch eng aktiv Participatioun, Autonomie a sozialer Inklusioun ausdréckt, ganz onofhängeg vun Ursprong, Geschlecht, Relioun oder perséinlecher Situatioun.
Duerch eis Lag um Briddeler Schoulcampus profitéiert eis Struktur vum privilegiéierten Zougang zu verschiddenen Infrastrukturen, notamment d’Sportshal (fir eis Mëttwochs a Samschdes disponibel) an de Fussballsterrain. Am Haus selwer hunn déi Jonk Zougang zu enger grousser Pallette vun Aktivitéiten: Kachen (reegelméisseg Aktivitéit), kreativ Atelieren, Videospiller, Gesellschaftsspiller, Billard, Kicker a villes méi. Si kënne sech och bei verschidde pädagogesch Projete mat ofwiesslungsräichen Themen engagéieren. Dës Offer ass gratis a fir jiddereen zougänglech. Weider speziell Aktivitéite ginn zu bezuelbare Präisser ugebuede mat der Iddi, jidderengem d’Geleeënheet ze ginn, dorunner deelhuelen ze kënnen.
Zousätzlech bidde mir nach individuell an akademesch Ënnerstëtzung, souwéi pedagogesch Ausflich a Reesen. Mir hunn en oppent Ouer fir Jonker a stinn hinne bei hire Froen oder perséinlechen Initiativen zur Säit.
Kommt gäre laanscht!
Eis Ëffnungszäiten:
Dënsdes : 14h00 – 19h00
Mëttwochs : 15h00 – 19h00
Donneschdes : 14h00 – 19h00
Freides : 16h00 – 22h00
Samsdes : 14h00 – 19h00