Jugendhaus Bierchem
D’Jugendhaus Bierchem an der Gemeng Réiser gëtt geréiert vum Veräin GENERATIONS 2000 asbl. Dëse Veräin besteet aus erwuessenen a benevolle Memberen an huet déi juristesch Form vun enger „association sans but lucratif“.
Bei reegelméissege Reuniounen vum Conseil d’Administration mam Personal vum Jugendhaus gëtt déi pedagogesch Aarbecht am Jugendhaus reflektéiert an d’Aktivitéitsprogrammer an aner organisatoresch Saache beschwat. De Conseil d’Administration ass den Employeur vum pedagogeschen Personal am Jugendhaus.
Eng Konventioun tëscht der Gemeng Réiser, Educatiouns Ministère an GENERATIONS 2000 asbl reegelt d’Organisatioun, d’Finanzéierung an d’Zilsetzunge vum Jugendhaus Bierchem.
Eis Ëffnungszäiten:
Méinden – Donneschden: 14h00 – 19h00
Freiden: 14h00 – 21h00
Samschden: 13h00 – 19h00
