1994 huet d’Fnel mat der Mathëllef vun der Trupp Melusina vun der AGGL en neie Grupp Fiiss um Zens opgemaacht. D’Fiiss hunn nëmme Jongen opgeholl, d’Trupp Melusina war fir d’Meedercher reservéiert. D’Aktivitéite vun deenen 2 Truppe waren gemeinsam, si hu sech Melusina-Fiiss ëmgedeeft, haten och déi selwecht Cheffen, mee fir de Rescht huet jiddfereen op seng Onofhängegkeet gehalen. Esou goufen et verschidde Foularden, Uniformen, Comiteeën an och d’Affiliatioun bei zwou Federatiounen. Mëttlerweil ass doraus de Grupp Fiiss entstaanen.
D’Aktivitéite vum Grupp sin villsäiteg : Sortien, Campën zu Lëtzebuerg an och am Ausland, Visiten, Federalsaktivitéiten, Nikloosfeier, an dann och dat alljäerlecht Wisefest.
De Fiisschen, d’Zeitung vum Grupp kënnt reegelméisseg säit 1996 eraus.