Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Adrien Flammang

cg@lionsbleus.lu

+352 621 231 190

Adress

61, rue de Pulvermühl, L-2356 Bonnevoie

Affiliatioun

FNEL Scouten a Guiden

FNEL Scouten a Guiden - Les Lions Bleus Bonnevoie


An enger Jugendorganisatioun
mech engagéieren

Mir sinn d‘Lions Bleus, e Scoutsgrupp zu Bouneweg, a Member bei der FNEL, dem nationale laizistesche Scoutsverbond. 1914 gegrënnt, ziele mir zu deenen eelste Scoutsgruppen hei am Land. Mir encadréiere Kanner ab dem Alter vu 5 Joer a verschiddenen Alterstranchen. Ab 16 Joer ka jiddereen, deen sech dozou beruff fillt, och selwer als Chef vun enger Branche aktiv ginn an un deene verschiddene (Animateurs-)Formatioune vun der FNEL deelhuelen.

Et ass ëmmer déi gréisste Freed, an de Kanner hiren An ze gesinn, datt ee mat sengem Engagement eppes bewierke kann.

Wann Dir Loscht hutt, eng Kéier bei eis luussen ze kommen, dann zéckt net, a mellt Iech bei eis!

Méi Informatiounen fannt Dir op eiser Internetsäit.