Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Joël Back

jonk@greng.lu

+352 27 48 27 1

Adress

3, rue du Fossé, L-1536 Luxembourg

Affiliatioun

Déi Gréng

Déi Jonk Gréng


mech engagéieren

Sief et d’Klimakris, de feelende bezuelbare Wunnraum oder eise Wee hin zu enger gläichberechtegter an diverser Gesellschaft – mir sti viru groussen Erausfuerderungen, déi duerch d’COVID19-Pandemie deelweis nach méi siichtbar gi sinn. A well et bei all dëse Froen (a ville méi) jo schliisslech och ëm eis Zukunft geet, wëlle mir bei de politeschen Decisiounen, déi haut getraff ginn, matmëschen! “Mir”, dat sinn déi jonk gréng, e motivéierte Grupp vu jonke Leit bis 30 Joer, déi gären diskutéieren a sech amëschen, fir esou dat politescht Geschéien zu Lëtzebuerg aktiv matzegestalten. Bei eis jonke grénge fënns du lauter jonk Leit, déi sech zesumme fir e liewenswäerte Planéit an e staarken sozialen Zesummenhalt asetze wëllen. Ob bei eise Stammdëscher, Comitésversammlungen, Summercamps oder an eisen Aarbechtsgruppen – du bass ëmmer häerzlech wëllkomm fir bei eis laanscht ze kommen oder Member ze ginn. Mir freeën eis op dech, fir mat dir gemeinsam eng besser Zukunft ze gestalten!