ACEL - Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois
D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut iwwer 40 Studentecerclen, déi duerch ganz Europa an Nordamerika verdeelt sinn. Dëst mécht d’ACEL zum Representant vu méi wéi 10.000 Studenten an ass domadder de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg.