Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Praktesch Informatiounen

Datum

Mir treffen eis am Laf vum ganze Joer fir verschidden Natur- an Ëmweltaktivitéiten

Plaz

Haus vun der Natur (5, Rte de Luxembourg, 1899 Kockelscheuer Roeser)

Fir wien

12-18

Präis

Gratis

Beschreiwung (LU/DE)

Beim natur&ëmwelt Jugendgrupp engagéiere sech Jonker ab 12 Joer gemeinsam bei gezilten Aktioune fir de Schutz vun eiser Natur an Ëmwelt.

Sou léiere mir z. B. déi heemesch Déier- a Planzewelt kennen, berénge Villercher oder hëllefen Amphibien iwwer d’Strooss.

Hei kanns du dech fir eise Jugendgrupp-Newsletter umellen, fir näischt ze verpassen.

Du hues Interessi um natur&ëmwelt Jugendgrupp?

Da maach mat a léier aner engagéiert Jugendlecher kennen!

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Beim natur&ëmwelt Jugendgrupp jidderee wëllkomm an et si keng Virkenntnesser néideg!

 

Organisateur

natur&ëmwelt a.s.b.l.

Yasmin Kuntz

5, Route de Luxembourg, L-1899 Kockelscheuer