Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Eege Radiosendung / Audio Podcast bei Graffiti

  • Datum
    Méindes - Freides (Auerzäite flexibel, resp. op RDV)
  • Plaz
    4, place des Rotondes, L-2448 Luxembourg
  • Präis
    10€ (1x am Joer als Membersbäitrag)
  • Fir ween?
    Jonker vu 12-26 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN
  • Link

Beschreiwung

Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA ass e Radiosprogramm, dee vu Méindes bis Freides tëscht 14 a 17 Auer op de Frequenzen 105.2, 102.9 a 87.8 leeft. Hei ka jiddereen tëscht 12 a 26 Joer hannert dem Mikro stoen.

Et ass ganz einfach: Graffiti gëtt mat enger Iddi kontaktéiert an doropshi gëss du an de Studio invitéiert. D’Graffiti-Mataarbechter:inne weisen dann am Detail, wéi Contenu virbereet, opgeholl, technesch verschafft, an / oder live diffuséiert gëtt. Den eegene Podcast, d’Sendung a weider Iddie kënnen hei ganz no Loscht a Laun um Radio lafen. D’Zäitofstänn an deenen nei Episoden erauskommen, hänke vun de perséinlechen Disponibilitéiten of. Esou ka Schoul oder Aarbecht ouni Stress mam Radio kombinéiert ginn.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Eng fléissend Aussprooch a Kreativitéit sinn déi wichtegst Kompetenze fir matzebréngen. Genausou wichteg wéi déi entspriechend Kompetenzen ass d’Motivatioun, fir sech ze verbesseren. Et steet ëmmer een:t vu Graffiti zur Säit, fir soulaang ze begleeden, bis e Gefill vu Sécherheet an Autonomie do ass. Et gëtt keen:t an d’kaalt Waasser geheit, an all Mënsch kritt déi Zäit, déi gebraucht gëtt.

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren