Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Bénévole bei AutiSport um Bridel

  • Datum

    19.09.2022 - 10.07.2023

    17:00 - 20:00

  • Plaz
    Salle de sport 9, rue François-Christian Gerden, L-8132 Bridel
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    18-79 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE
  • Link

Beschreiwung

Mir sichen 8 Fräiwelleger/Betreier fir bei eisen AutiSport-Multi-Veranstaltungen!

Spaass, gutt Laun a verschidden Aktivitéiten sinn d’Motto! Du wëlls dech op e neit Abenteuer virbereeden, bass engagéiert an huet Afillungsverméigen?

Däin Ziel: Engem Kand, Jonken oder Erwuessenen mat Autismus während enger Sportsstonn e Frënd a Kolleg ze sinn.

Inscriptioun: du muss iwwer 18 Joer sinn, fir dech un ze mellen: https://www.fal.lu/formulaire-benevole/

Komm a probéier et e puer mol aus a kuck, op et dir gefält!

Du kanns bei AutiSport hëllefen:

  • Während 1,5h vun 17h00 bis 18h30
  • Während 1,5 vun 18h30 bis 20h00
  • Während 3h vun 17h00 bis 20h00

Du kanns hëllefen:

  • All Méinden
  • All zweete Méinden
  • E Méinden am Mount
  • U speziellen Méindeger

Wat ass AutiSport?

AutiSport bitt dir eng Auswiel u strukturéierten Sportsaktivitéiten, déi op spezifesch Bedierfnisser, Fäegkeeten, Wënsch a Verwëlz vun all Participant zougeschnidden ass. AutiSport bitt d’Méiglechkeet, Spaass ze hunn, fair mat senger Grupp ëmzegoen, regelméisseg Sport ze maachen, nei Fäegkeeten ze léieren a Spaass ze hunn, andeems e verschidden Sportaarte kenne léiert.

Daten, Zäitplang a Gruppen:

All Méindenowend. D’Saison fënnt vum 15.09 bis den 15.07 statt:

  • 17h15 bis 18h15: Kanner TSA vun 5-12 Joer (Grupp 1) & Jonker TSA 12-17 Joer (Grupp 2)
  • 18h45 bis 1945: ErwuessenerASD  iwwer 18 Joer (Grupp 3)
  • 18h45 bis 20h00: Asperger-Erwuessener

Wou?

Sportshal Bridel: 9, rue François-Christian Gerden, L-8132 Bridel. Folgend Busser fueren an dës Géigend: 921, 911, 901, 902, 903 – Haltestell Bridel Taverne.

Betreiung:

Pädagogen vun der Stëftung, déi sech der AutiSport-Grupp widmen, sinn fir den Training zoustänneg a kënne vu Studenten, Apprentis vun Auxiliaires de Vie an/oder Bénévolen begleet ginn.

Kontakt

  • E-Mail: Montag-Freitag 9:00-13:00 Uhr: loisirs@fal.lu
  • Gsm: montags 13-20 Uhr: 621 571 980

Mir zielen op dech!

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Wat muss du mat bréngen?

  • Deng Motivatioun, deng Energie, däi Wellen, Deel vun engem Team ze sinn, däi Sportsgeescht! 😊
  • Sportsschung mat Suelen, déi keng Spueren hannerloossen an eng Waasserfläsch.

Du brauchs keng Erfahrung, mee Afillungsverméigen a Respekt géigeniwwer Mënsche mat besonnesche Bedürfnisser sinn deng gréissten Stäerkten.

Du gëss gutt betreit an d’Pädagogen erklären dir, wats du während de Sportsstonne maachen muss. Du kanns gratis an eng Formatioun vun engem Dag kommen, fir alles iwwert d’Grondlagen vum Autismus ze léieren.

 

Organisateur

Fondation Autisme Luxembourg
Fouss Catherine Wantz Christophe

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren