Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

D’Campagne

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun verbréngs du vill Zäit doheem an dat säit iwwer engem Joer. Du kounts deng Projeten net ëmsetzen a gesäis net vill Méiglechkeeten, aktiv ze ginn an deng Kolleeg/innen ze gesinn.

D’Sanitärmesurë schränken een Deel vun denger Fräiheet an, grad elo wou’s du vill Neies entdecke wëlls a Loscht hues, Zäit mat denge Frënn a Frëndinnen ze verbréngen. Vill Veräiner an Organisatiounen hu Membere verluer, obwuel si spannend Offeren hunn, wou’s du kanns matmaachen. Well och elo kanns du dech mat anere Jonken treffen an denger Kreativitéit an dengen Iddie fräie Laf loossen.

Mir wëlle mat dëser Campagne weisen, wou a wéi’s du dech mat anere Jonken ausliewe kanns, fir och wärend enger méi restriktiver Situatioun e Maximum u flotte Momenter ze erliewen an dech gutt ze fillen.