Wéi filmen ech mam Handy?
-
Datum
op Demande -
Plaz
Rue de Keispelt L-7411 / Mariendall -
Präis
160€ / Pro Grupp -
Fir ween?
12-18 Joer / Gruppen ab 10 Persounen
-
Sproochen
LU, DE,
Beschreiwung
Jonker kréien d’Méiglechkeet ze léieren, wei ee mat engem Handy a mat Material, wat een och doheem huet, e kreative Video kreéiere kann.
Dës Aktivitéit gëtt ab September 2023 ugebueden, d’Aktivitéit fënnt ëmmer tëscht 9 a 16 Auer statt, jeeweils mat enger Stonn Mëttespaus.
Bei dëser Aktivitéit ginn 2 Kompetenzen vermëttelt:
1. Wéi filmen ech en Interview mat deene verschidde Perspektiven an Astellungsgréissten.
2. Wéi filmen ech en Teaser mat verschiddenen Transitiounen (Schwenk. schnippsen, asw..) .
Si kréien de ganze Prozess vun Ufank bis zum Schluss gewisen an hunn dono och e flott Resultat an hiren éischte richtege Film gedréint.
Kontakt Organisateur
SNJ / Medien erliewen
Saskia Becker
Rue de Keispelt L-7411 / Mariendall