Vun Dënschdes op Samschdes
14:00 - 20:0012-26 Joer
Den Hariko ass eng Plaz, wou’s du Konscht entdecken an dech ausdrécke kanns. Du kanns bei Workshops matmaachen, déi vu professionelle Kënschtler gehale ginn (zB Graffiti, Molen, Gittar, Gesang…). Du kanns och d’Material vum Hariko benotze fir deng eege Konschtwierker ze gestalten, ouni un engem Workshop deelzehuelen.
Et ass just eng symbolesch Zomm vu 5 € ze bezuele fir eng Memberskart an da sinn all d’Workshops gratis.