Digital Ambassadors – Deng Stëmm fir e besseren Internet
-
Date
6–9x/Joer (ginn no der Umeldung kommunizéiert) -
Lieu
Forum Campus Geesseknäppchen & Online (hybrid Format) -
Prix
Gratuit -
Pour qui ?
Jeunes de 14-24 ans -
Langues
LU -
Lien
Description
[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
Du bass tëschent 14 an 24 Joer al?
Du interesséiers dech fir digital Themen, wéi sozial Medien oder KI?
Du wëlls déi digital Welt fir Jonker méi sécher a besser maachen an DENG Iddie mat abréngen?
📢Da gëff Digital Ambassador a setz dech zesumme mat anere Jonke fir e besseren Internet an.
Als Digital Ambassador:
• Hues du d’Méiglechkeet eppes ze veränneren a mat ze entscheeden – deng Meenung ass gefrot.
• Sammels du Erfarungen a bilts dech perséinlech weider.
• Verbessers du deng Mediekompetenze souwéi aner sozial a organisatoresch Skills.
• Kriss du e Participatiounszertifikat, dat s de fir deng Bewerbungen notze kanns.
No der Umeldung kriss de weider Informatiounen zu den Terminer vun eisen Treffen.
Compétences/connaissances/formations requises
Et si keng spezifesch Kenntnisser a Kompetenzen erfuerderlech. Et geet duer, wann s du dech fir Online-Risiken an Trends, Gaming, Sozial Medien, KI oder änlech Themen interesséiers a motivéiert bass, dech mat aner Jonker austauschen, Ressourcen/Projeten auszeschaffen a BEE SECURE an hirer Aarbecht punktuell ze ënnerstëtzen. D’Zil ass et Mediekompetenz souwéi aner sozial a organisatoresch Skills opzebauen oder ze verdéiwen.
Organisateur