1939 sinn um Belair zwou Gruppen entstaanen, ee fir Jongen (d’Scouten) an een fier d’Meedercher (d’Guiden).
No enger kuerzer Ennerbriechung während dem 2. Weltkriech, hunn dës Gruppen weider fonktionnéiert ënnert den Nimm Prince Henri fir d’Scouten a Jeanne d’Arc fir d’Guiden. Déi zwee Gruppen hu respektiv de Lëtzebuerger Guiden an de Lëtzebuerger Scouten ugehéiert. Dës zwee Daachverbänn hu 1994 fusionnéiert an et sinn d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten entstaanen.
1999, um 60. Gebuertsdag vum Guiden- a Scoutsmouvement um Belair, hun déi zwee lokal Gruppen ët hieren Verbänn nogemach an hu fusionnéiert fir de Grupp Jang de Blannen ze gin. De Grupp huet am Joer 2014 Joer seng 75 Joer mat ville flotte Momenter gefeiert. D’Belairer Guiden a Scouten kënnen deemno houfreg op méi wéi 75 Joer Geschicht zeréckkucken, a sech freeën iwwert déi sëllege Generatioune vu Belairer Meedercher a Jongen déi, fréier bei de Gruppen Jeanne d’Arc a Prince Henri, an elo beim Grupp Jang de Blannen eng flott Zäit erlieft hunn, erliewen an erliewe wärten.