Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp Saint Cunibert Remich
[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn an de meeschten Uertschaften duerch lokal Gruppe vertrueden.
Zu Réimech bidden eis forméiert Cheftainen a Chef vum Grupp Saint Cunibert de Kanner a Jugendlechen eng Rei flott Aktivitéiten un. All lokale Grupp ass a verschidde Branchen (Altersgruppen) agedeelt, sou datt d’Aktivitéiten dem jeeweilegen Alter ugepasst sinn. Dëst sinn:
- Biber – Kanner am Alter vu 6 bis 8 Joer, déi op d’mannst am 1. Schouljoer sinn
- Wëllefcher – Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joer
- AvEx – Kanner, tëschent 11 a 14 Joer
- CaraPio – Jugendlecher, tëscht 14 a 17 Joer
- RaRo – Jugendlecher vu 17 bis 23 Joer
- Albatrossen – Erwuessener vu 23 bis 100 Joer
- Amicale – Frënn vun de Réimecher Guiden a Scouten, Alter geheim
De Grupp huet awer och all Joers eng Rei gemeinsam Aktivitéite vun all de Branchen, wéi zum Beispill: Adventsverkaf, Buergbrennen, Theater, Wisefest, …
Mir hoffen dass mir Iech eise Grupp e bësse besser kënne virstellen, an dass mer villäicht deen een oder anere virwëtzeg gemaach hunn fir mol bis luussen ze kommen.
D’Cheféquipe vum Grupp Saint Cunibert Réimech
