[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
Ee Wuert vun eise Gruppecheffen:
Déi Beggener Scouten ginn et schonn zanter dem Joer 1957. Schonn deemools konnt all motivéierte Jonken bei eis Member ginn. Wichteg ass, dass dir Spaass a Freed matbréngt.
Bei eisem Chalet um Eecherfeld fannen all Woch d’Versammlungen vun deene verschiddene Branchen statt. Adventure, Scoutstechniken, Challengen an Kréativitéit kënne mir hei an der fräier Natur erliewen. Sortien, Weekender a Campe stinn och all Joer um Programm. D’Scoutsmethode guidéiert eis bei allen Aktivitéiten.
Wëlls du och Member bei eis ginn? – Bei de Scouten ass fir jiddereen eppes dobäi!
Entdeck hei drënner eis verschidde Branchen an zéck net dech bei eis ze mellen.