Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Charles Majerus

info@walfer.lgs.lu

+352 26 33 29 34

Adress

35, rue de la Gare, L-7228 Helmsange

Affiliatioun

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp Mahatma Gandhi Walferdange

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Natur · Ëmwelt · Déieren

Jugendorganisatioun

D’Walfer Guiden a Scoute gehéieren zum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Eise lokale Grupp besteet aktuell aus 85 Memberen, déi dem Alter no an de Branche vu Wëllefcher bis RaRo/Albatross vertruede sinn. All Branche gëtt jeweils encadréiert vun enger benevoler Chefekipp déi an de wöchendleche Versammlungen, op engem Weekendausflug an um Camp de Kanner a Jugendlechen e villsaitege an ofwiesselungsraiche Programm bidd. Mir sinn en oppene Veräin an all Mënsch ass wëllkomm, bei eis matzemaachen. Kommt roueg bis laanscht kucken op eise Versammlungen oder op enger vun eisen Evenementer wéi z.B. eiser Scoutskiermes oder dem Buergbrennen.