Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Matthieu Schmit

info@lgs.lu

+352 26 94 84

Adresse

5, rue Munchen-Tesch, L-2173 Luxembourg

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

(In)formation · Éducation
Engagement social
Nature · Environnement · Animaux

Organisation de jeunes

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir anerer z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen
Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren a sech perséinlech weiderentwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.

Eise Programm:

Adventure
De Schwéierpunkt vun den LGS läit am Beräich vun den Adventure- an Outdooraktivitéiten. Mir probéieren de Jonken eng Ofwiesslung zum Alldag ze bidden an hieren Entdeckergeescht unzereegen. Dofir maache mir esou vill wéi méiglech Gruppenaktivitéiten dobaussen.

Kreativ, innovativ, ofwiesslungsräich
Duerch eis ofwiesslungsräich Aktivitéite gi mir de Jonken e Raum fir Saachen auszeprobéieren an z’erfuerschen. Nom Prinzip vum „Learning by Doing“ kréien déi Jonk d’Méiglechkeet sech kreativ a selbstänneg un der Gestaltung vun hierem Programm ze bedeelegen.

Challenge
Déi perséinlech Erausfuerderung an de Spaass stinn am Mëttelpunkt vun eisen Aktivitéiten. Doduerch erméigleche mir et deem Eenzelnen Neies ze erléieren, seng Stäerkten auszebauen an iwwer sech selwer eraus ze wuessen.

Internationalitéit
Als Deel vun der Guiden- a Scoutsbeweegung, déi op der ganzer Welt vertrueden ass, bidden d’LGS d’Méiglechkeet Frëndschaften iwwer all Grenzen an Ënnerscheeder ewech ze schléissen. Doriwwer eraus engagéiere mir eis a verschiddene Länner mat de Jonken op der Plaz fir geziilt Projete fir ENG Welt ze réaliséieren.