Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Cathy Lanners

jugendwunnen@nordstadjugend.lu

+352 691 809 163

Adresse

7, avenue de la Gare, L-9233 Diekirch

Affiliation

Nordstadjugend asbl

Jugendwunnen

(In)formation · Éducation
Autres

Service jeunesse

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

De Service Jugendwunnen riicht sech u Jonker tëscht 18 a 26 Joer, déi aus ënnerschiddleche Grënn net méi Doheem wëlle, kënnen oder och dierfe wunnen. Et handelt sech heibäi em en autonomt Wunnen, dat just Leit an enger Noutsituatioun zougänglech ass. Eist primärt Zil ass et, Jonken ze hëllefen, d’Problematik vun der Wunnnout ze léisen andeems mir kleng Wunnéngen zu reduzéierte Loyer’en ubidden.

Donieft soll de Jonken a senger Verselbststännegung, senger Schoul oder Ausbildung,… ënnerstëtzt ginn. Wa gewënscht, kann dee Jonken zousätzlech vun enger sozialpädagogescher Begleedung Gebrauch maachen. All Jonken dee vun dësem Service profitéiere wëll, muss aktuell an enger gereegelter Sitatioun sinn (Schoul, Ausbildung, Volontariat, Aarbescht,….). Wann dat net de Fall ass, muss de Wëllen do sinn, dat schnellstméiglech ze erreechen (max. bannend 3 Méint). All Jonke muss eng Hausuerdnung an e Beherbergungskontrakt ënnerschreiwen. Dobai gëtt och e Perspektiveplang zesumme mam Personal ausgeschafft, deen definéiert wat wärend der Zäit beim « Jugendwunnen » soll erreecht gin; och dëse gëtt ënnerschriwen a bei Bedarf aktualiséiert.

Eis Wunnénge sinn zu Ettelbréck, zentral geleeën a gudd mam ëffentlechen Transport erreechbar. An der Emgéigend ass praktesch alles ze fannen, wat een am Alldag brauch,…vun Akafs- bis hin zu Fräizaitofferen. All Wunnéng verfügt iwwert eng Basisausstattung, kann awer bei Bedarf ugepasst ginn.

Zur Verfügung stinn Eenzelzëmmer mat Buedzëmmer, Wunnénge mat 2 Zëmmeren a Gemeinschaftskichenette a -buedzëmmer, Wunnénge mat 2 Zëmmeren an Gemeinschaftsbuedzëmmer. Donieft ass eng Gemeinschaftskichen, eng Gemeinschaftswäschkichen an en Gemeinschaftsopenthaltsraum fir jiddereen zougänglëch.