Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Bruno Gomes Martins

jugenddippech@saba.lu

+352 26 37 46 50

Adresse

7, rue des Ecoles, L-4994 Schouweiler

Affiliation

Jugendtreff Saba asbl

Jugendtreff Saba Dippech

(In)formation · Éducation
Nature · Environnement · Animaux
Sports · Santé
Arts · Culture · Patrimoine
Autres

Maison de jeunes

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

Et ass méi wei nëmmen en Haus, méi wéi nëmmen en Jugendhaus. Wanns du tëschent 12 a 26 Joer al bass, da bass du hei genee richteg!
Mee wat bidd der lo sou ee Jugendhaus? Et si méi wéi 4 Mauere mat engem Daach, wou ënner anerem e Kicker, e Billardësch, e Pingpongdësch, eng Playstation 4, … etc. steet.
Hues du bei eis eng Memberskoart, da kanns du vun all dëse Saache profitéieren, a nach vill méi. Hei fënns du Leit aus dengem Alter mat deenen s du schwätze kanns an eng gutt Zäit verbrénge kanns. Natierlech kriss du bei den Erzéier all Informatiounen déi s du brauchs, sief et z.B. iwwer d‘Aarbecht, d‘Weiderbildung, d‘Drogen- an Alkoholpreventioun oder einfach nëmmen iwwer déi neieste Videospiller.

Dat bescht sinn awer déi Tonnen Aktivitéite déi mer am Joer maan, wéi verreesen, Sport maan, Iessen organiséieren an nach villes méi. Also, wanns du lo Loscht hues fir laanscht kucken ze kommen, da maach dat roueg, mär géingen eis freeën.

Eis Ëffnungszäiten:
– Méindes: zou
– Dënschtes bis Donneschtes: 14:00 bis 19:00
– Freides: 14:00 bis 21:00
– Samschdes:   14:00 bis 19:00

Eise Jugendtreff befënnt sech zu Zolwer, mee mir hunn och eng Annexe zu Suessem:
39, rue de Niederkorn,
L-4990 Sanem