D’Jugendstuff Munneref ass eng oppe Struktur a gratis fir all Jonken tëschent 10 an 30 Joer aus der Munnerefer Gemeng an den Nopeschgemengen. Et ass eng Plaz fir sech ze treffen, Informatiounen aus ze tauschen an fir un animéierten an encadréierten Aktivitéite vu qualifizéiertem Personal deel ze huelen. Eng grouss Unzuel un Aktivitéiten a Projeten am nonformellen Kader ginn organiséiert an duerch gefouert. Di pädagogesch Relatioun tëschent dem Personal an den Jugendleche spillt eng ganz wichteg Roll.
D’Jugendstuff ass eng perfekt Plaz fir di Jonk an engem sécheren an vertrauensvolle Kader, wou si eng Hëllefstellung an hirem ganz perséinlechen Entwécklungsprozess ugebuede kréien. D’Ziel vum erzéieresche Personal ass donieft och d’Inclusioun vu Jonke mat spezifesche Besoinen an den internationalen Austausch mat a besonneg fir di Jonk.