Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Sekretariat

Vacances@croix-rouge.lu

+352 27 55 62 00

Adress

10, cité Henri Dunant, L-8095 Bertrange

Affiliatioun

Croix-Rouge

Jugendroutkräiz

Soziaalt Engagement

Jugendservice

Beim Jugendroutkräiz kënne Jonker am Alter vu 15 bis 30 Joer sech sozial engagéieren. Am allgemenge geet et dorëms Persounen a sozialer, materieller a gesondheetlecher Bedürftegkeet ze hëllefen. Et kann een a bestoenden Aktivitéiten aktiv ginn:

  • Vakanzekolonien a verschiddenen Destinatiounen an Europa
  • Formatioun Animateur (Brevet B, C, D, E)
  • Sozial Projeten (Projeten zum Thema Nohaltegkeet, Kommunikatioun, oder intergenerationell an interkulturell Projeten)
  • Aktiounen (Engagement bei punktuellen Aktiounen, déi sech an engem soziale Kontext abetten, zB. Spendenaktiounen)

Et besteet och d’Méiglechkeet eege Projeten op d’Been ze stellen an dës mat Ënnerstëtzung vum Jugendroutkräiz ëmzesetzen. Och zu dësem Thema gi Formatiounen ugebueden.