[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
D’Jugendhaus Veinen riicht sech un all Jonken am Alter vun 12-26 Joer. Hei kanns du ausserhalb vun der Schoul deng Zäit verbréngen an dech mat abréngen, wat Fräizäitgestaltung an den Alldag am Haus ubelaangt. Du kriss Ënnerstëtzung bei Hausaufgaben, Leieren, Cv oder lettre de motivation schreiwen, Arbeschtssiche, brauchs en oppent Ouer z.B. bei Problemer, an villem méi.
Regelméisseg fannen och Aktivitéiten aus ganz verschiddenen Beräicher statt, dëst am an ausserhalb vum Jugendhaus (Graffiti, Danz, Tounstudio, Gesellschaftsspiller, Klammen, Sport, Kultur, Karting… ) Dësweidere gëtt vun deene Jonken zesumme mat dem Personal all Joer e City/Kulturtrip organiséiert.