D’Jugendhaus Schëtter ass säit iwwer 20 Joer en Treffpunkt fir Jonker am Alter tëscht 12 a 26 Joer. Déi Jonk hunn d’Méiglechkeet sech op dëser Plaz mat anere Jonken auserneen ze setzen, sech auszetauschen, zesummen ze diskutéieren an eppes zesummen ze erliewen. Mir huelen déi Jonk eescht, souwuel an den ënnerschiddleche Phase vun der Pubertéit wéi och an der schwiereger Phas vum Erwuesseginn, wou se mussen Entscheedungen iwwer d’Zukunft treffen.