Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Anna Mohr

anna.mohr@croix-rouge.lu

621822744

Adresse

7, rue de l'Ecole L-8658 Goeblange

Jugendhaus Käerch

(In)formation · Éducation
Engagement social
Autres
Sport · Mouvement

Maison de jeunes

[Pas de traduction de ce texte. En cas de questions veuillez contacter le service].

Mir sinn d’Jugendhaus Käerch – eng Plaz fir all Jonken!

Bei eis fannt dir eng Kéier den oppenen Treff, wou dir är Frënn treffen, eng flott Zäit verbréngen an ëmmer nees nei Saachen entdecke kënnt. Nieft eisem oppenen Treff bidde mir och vill spannend Aktivitéiten un, wéi Laser Game, KoJump, Bowling asw., bei deene jidderee wëllkomm ass matzemaachen.

Eis ass et wichteg, dass déi Jonk selwer matbestëmmen: wanns du eng Iddi hues oder e Projet wëlls starten, da mell dech bei eis – mir setzen eis zesummen a kucken, wat méiglech ass!

Ee vun eise Highlights sinn d’Kachaktivitéiten all Freideg. D’Jonk wielen zesummen de Menü aus an duerno gëtt gekacht, gelaacht a genoss.

Nieft all dësem leeë mir vill Wäert op eng gutt Bezéiungsaarbecht mat deene Jonken. Mir begleeden déi Jonk an Alldagssituatiounen a bidden Ënnerstëtzung, do wou se gebraucht gëtt. Wann dir also Hëllef braucht – egal bei wéienger Fro am Liewen – oder einfach just en oppent Ouer sicht, kënnt dir ëmmer bei eis laanscht kommen. Mir stinn iech zur Säit, egal ob et ëm Schoul, Aarbecht oder aner Liewensfroen geet.

Kommt laanscht – mir freeën eis op iech!